Mäin mëndleche Rapport zum Scheedungsgesetz den 14. Juni 2018 an der Chamber

 

Den Oscar Wilde huet et op de Punkt bruecht : d’Bestietnis ass déi éischt Ursaach vun der Scheedung.

Wëll mer awer, entgéint e puer Boutaden an déi Richtung d’Bestietnis net wëlles hunn ofzeschafen, wäerte mer haut déi gesetzlech Scheedungsursaachen reforméieren an dem néien Scheedungs (an autorité parentales) Gesetz.

Ech kommen fir d’éischt op d’Scheedung ze schwätzen ier ech de Volet « autorité parentale » behandelen.

Erlaabt mer e kuerze Bléck no hannen fir den historesche Kontext duerzeleeën.

D’Scheedungen hu sech an de leschte Joerzéngt lues a lues banaliséiert. Woren an den 1950Joeren just 5% vun de bestueten Koppelen no 30 gescheet, sou ass deen Pourcentage op 16% an den 1960er Joren geklommen fir 23% an den 1970er Joren ze erreechen. Haut gëtt quasi een Bestietnis op zwee gescheet.

D’Scheedunge waren zu Lëtzebuerg op Basis vun engem Gesetz vun 1803 erlaabt. E Gesetz wat iwwer 150 Joer a Kraaft war an den Esprit vun där Zäit erëmgëtt.

Et goufen zwou Kategorien vu Scheedungen, den divorce pour faute, an den divorce pour consentement mutuel, deen awer esou streng encadréiert war, datt en net vill genotzt gouf, an d’Leit deemools schonn dacks op den « divorce pour faute » zeréckgegraff hunn fir des Reegelen z’ëmgoen. Fir en divorce par consentement mutuel ze kréien, huet een net dierften méi wei 20 Joer bestuet sinn, et huet ee missten d’Erlaabnis vun den Elteren hunn, falls des nach gelieft hunn a vrun allem, et huet ee sech net dierften scheeden wann d’Fra méi wei 45 Joer hat, och wann se d’accord war (voire demandeur vun der Scheedung).

Des Konditiounen sinn eréischt duerch e Gesetz vum 6. Februar 1975 verschwonnen. E Gesetz vum 5. Dezember 1978 huet eng nei Scheedungsuursach agefouert, an zwar den « divorce pour séparation de fait » deen een nach ëmmer laut haitegem Artikel 230 vum Code civil kann ufroen wann een 3 Joer getrennt ass, voire 5 Joer am Fall vun enger Trennung wéint « aliénation mentale » vun engem Partner.

Och den divorce pour faute ass duerch d’Gesetz vun 1978 vereinfacht ginn. Iwwreg bliwwen sinn nëmmen nach als Konditiounen, déi déi och haut am Artikel 229 vum Code civil stinn : dat da wieren « excès, sévices ou injures graves d’un des conjoints envers l’autre ».

Zenter engem Gesetz vun 1993 huet och just nach eng Scheedung déi wéinst « torts exclusifs », also den exklusiven Feeler vun enger Partei gesprach gëtt, als Konsequenz, datt des laut Artikel 300 vum Code civil, keen Recht op Alimenter huet.

Et gëtt scho laang iwwert eng Reform vun der aktueller Prozedur diskutéiert. 2003 hat den deemolegen Justizminister Luc Frieden schonn e Gesetzprojet deposéiert dat als Ziel hat, den Divorce pour faute ofzeschafen. Et huet deemools am exposé des motifs geheescht :

« Cette forme de divorce pousse les époux à se livrer à un combat judiciaire destructeur et à étaler au grand jour la vie privée du couple. Ainsi, l’époux demandeur énonce dans son assignation, en les grossissant, les griefs qu’il invoque contre son conjoint qu’il blâme comme étant l’unique coupable de l’échec du mariage. L’époux défendeur, humilié et blessé par les imputations des fautes contenues dans l’assignation, cherchera à son tour à accabler son conjoint. Très souvent, le tribunal prononcera alors le divorce aux torts partagés. »

Dëse Constat ass haut, 15 Joer méi spéit, nach ëmmer genee sou richteg. De Projet iwwer dee mer haut ofstëmmen, schaaft den divorce pour faute komplett of. Et sinn deemno nach zwee Scheedungsgrënn firgesinn : 1) den divorce par consentement mutuel an

2) den divorce pour rupture irrémédiable des relations conjugales, de sougenannten « Zerrüttungsprinzip ».

D’Bestietnis kann elo opgeléist ginn ouni datt en Accord besteet an ouni datt e Feeler vun dem aneren muss bewise ginn. D’Parteien musse sech awer hei vun engem Affekot begleeden loossen.

Et sinn och Délais’en virgesinn fir ze verhënneren, datt ee sech aus enger Laun eraus scheeden léisst. Wann de Partner des « Zerrüttung » contesteiert, dann kann de Riichter en Delai vun 3 Méint fixéieren bannent dem keng Decisioun geholl gëtt. Dësen Delai kann eemol em 3 Méint verlängert ginn.

D’Ontreiheet, fällt also als juristesch Ursaach fir d’Scheedung ewech, den devoir de fidelité bléift allerdéngs am Artikel 212 bestoen, et heescht deemno weider bei engem Bestietnis « les époux se doivent mutuellement fidélité, secours, assistance ».

Wat d’Scheedung a géigesäitegem Averständnis ubelaangt, sou ass et mat dësem Projet elo esou, datt d’Parteien just nach eemol – an net wei bis elo zweemol mussen beim Riichter erschéngen. Se mussen sech och beim Riichter net duerch en Affekot vertrieden loossen, allerdéngs muss d’Scheedungsconventioun, déi d’Detailer reegelt, vun engem Affekot oder engem Notaire geschriwwen ginn.

De Feeler verschwënnt wei gesot aus der Scheedungsprozedur. Déi eenzeg Platz wou de Feeler nach bestoen bleift ass bei den ekonomesche Konsequenzen. Wann eng vun de folgenden strofrechtlechen gravéierenden Infraktiounen :

attentat à la pudeur,

viol coups et blessures volontaires,

homicide et lésions volontaires,

meurtre,

assassinat,

infanticide,

empoisonnement

géint de Partner oder d’Kand vun der Koppel zu enger Veruerteelung vun engem Partner feiert, dann verléiert dësen, op Demande vun dem aneren Partner, säin Recht op eng pension alimentaire a seng avantages matrimoniaux déi en eventuell vun dem aneren am Kader vun engem contrat de mariage accordéiert krut.

Wat d’ekonomesch Konsequenzen ausserhalb vun dësen exzeptionellen, strofrechtlechen Prozeduren ugeet, sou bleift de Prinzip bestoen, datt de Riichter d’pension alimentaire jee no Besoine vun dem fixéiert deem se zegutt kënnt an no de Méiglechkeeten vun dem den se bezilt. Et kommen awer elo eng ganz Rëtsch Critèren mat an d’Gesetz déi de Riichter nach a Kaf huele muss fir d’Heigt vun der pension alimentaire ze bestëmmen : den Alter an d’Gesondheet, Dauer vum Bestietnis, Zäit déi verbruecht gouf d’Kanner grousszezéien, d’Qualifikatioun a professionell Situatioun, d’Méiglechkeet eng nei Aarbecht ze fannen, de Patrimoine vun de Partner.

D’Period wärend där e Recht op d’pension alimentaire besteet gëtt an der Zäit begrenzt, a kann – sauf circonstances exceptionnelles – net méi laang sinn wei d’Dauer vum Bestietnis.

Wat d’Pensiounsrechter ubelaangt, gëtt eng Méiglechkeet agefouert fir de Conjoint, deen wärend dem Bestietnis opgehalen huet mat schaffen oder manner geschafft huet, e retroaktiven Zeréckkaf vu sengen Pensiounsrechter ze maachen.

Wat de Logement ubelaangt, wann d’Koppel Kanner huet déi manner wie 12 Joer hunn, da kann deen Elterendeel bei dem d’Kanner hiren Haaptwunnsëtz hunn, e Recht kréien fir an der Wunneng ze bleiwen, falls dat am Interessi vun de Kanner ass. Dëst gëtt allerdéngs op eng Dauer vun 2 Joer nom Divorce begrenzt an eng Indemnitéit fir d’Notzung vum Logement gëtt fixéiert.

Et goung an dësem Projet awer och drëms d’Prozeduren ze vereinfachen. Laang gëtt och schonn zu Lëtzebuerg iwwer en Familljeriichter diskutéiert, e Riichter deen wéi a Frankräich, e groussen Deel vun den Affären déi d’Famill betrefft behandelt an deen doduerch kann eng Famill suivéieren, duerch all d’Prozeduren déi kënnen opkommen. Et sinn dat, all d’Affären ronderëm d’Bestietnis, d’Scheedung, d’autorité parentale, d’Mineure déi haut vum Juge des tutelles traitéiert ginn, oder och nach d’Requêten am Kader vun enger Prolongatioun vun der Expulsioun vun enger Persoun aus sengem Doheem wëll se gewalttäteg gouf.

Dëse Riichter fungéiert als « juge unique », deen also eleng siegéiert, wéi haut schonn de Juge de la Jeunesse, de Juge des Tutelles oder insgesamt de Friddensriichter.

Bei méi komplizéierte Fäll, oder wann eng Partei et freet, kann de Riichter d’Affäre awer virun eng kollegial Kompositioun vun 3 Riichter verweisen. Am Appel gëtt d’Affär vun enger ziviller Chamber behandelt, des kann awer och den Dossier bei een eenzelen Appellsriichter verweisen, fir ze erlaben datt einfach Froen, wei d’Horairen vum Droit de visite kënnen séier behandelt ginn.

Des Ännerungen an der Organisatioun vun der Magistratur brénge mat sech datt 9 Magistratsposten geschaaft ginn, an een Tutellesriichter zum Juge aux affaires familiales gëtt. Do dobäi gëtt een zousätzleche Posten als Conseiller op der Cour d’appel geschaaft.

Wat d’Prozedur en tant que telle ugeet : An Zukunft muss een net méi iwwer den Dierwiechter fueren fir den Divorce ze froen, eng Requête op fräiem Pobeier, wéi et se och an aneren Beräicher, zum Beispill dem Aarbechtsrecht gëtt, geet duer.

D’Delaise bannent deenen d’Affären elo behandelt ginn, ginn encadréiert fir z’erméiglechen datt d’Affären net schleefen a schleefe gelooss ginn, an datt déi Onsécherheet déi dacks wärend de Scheedungsprozesser besteet sou séier wei méiglech op en Enn kënnt.

Bannent 15 Deeg vum Dépôt vun der Requête ginn d’Parteien geruff an dono gëtt d’Affär op een Mount fixéiert.

Et gëtt och en aussergewéinlechen Référé agefouert, eng séier Prozedur fir provisoresch Moossnamen decidéieren ze loossen, zum Beispill an dréngenden Fäll wou eng Partei ouni finanziell Ressourcen ass a séier muss eng Léisung fonnt ginn.

De Riichter kritt an dësem Projet ëmmer méi eng Funktioun vum Conciliateur, ouni awer d’Mediatioun a Fro ze stellen.

Weider sinn d’Audienzen elo net méi an der Ëffentlechkeet, dëst fir d’Privatsphäre vun de Parteien, déi hei hiert privat Liewen hei diskutéieren, ze garantéieren, de Riichter kann awer ëmmer d’Publicitéit vun den Débatse ordonnéieren.

Zu deenen dann déi dacks am meeschten ënnert enger Scheedung leiden : de Kanner. De Projet iwwer den mer haut ofstëmmen berengegt och ons Legislatioun op engem Punkt, vun dem mer op mannst zënter engem Arrêt vun der Cour constitutionnelle vum 26. März 1999 wëssen, datt en net verfassungskonform ass : Dispositiounen zu der autorité parentale am Code civil.

Ech zitéieren aus dem Arrêt 07/99 vu virun 19 Joer : « Considérant dès lors que l’instauration du principe de l’exercice privatif de l’autorité parentale par la mère naturelle, créant dès l’abord une inégalité entre le père naturel par rapport à la mère naturelle et au père légitime, et par là-même un clivage entre les situations des enfants selon qu’ils sont nés ou non dans le mariage, constitue une différenciation qui n’est ni adéquate ni proportionnée à son but;

Considérant qu’il s’ensuit que l’article 380, alinéa 1er du Code civil, en ce qu’il attribue l’autorité parentale d’un enfant naturel reconnu par les deux parents privativement à la mère, n’est pas conforme à l’article 11 (2) de la Constitution ».

Dëst Gesetz ännert dat elo. Op Elteren bestuet sinn oder net, si üben an Zukunft gemeinsam d’autorité parentale aus. D’Elteren sollen un éischter Stell zesummen probéieren en Accord iwwer d’Modalitéiten vun der Ausübung vun der autorité parentale an enger Konventioun ze fannen. Des kann dann vum Gericht homologéiert ginn.

Se kréien och d’Méiglechkeet d’Residenz vum Kand ofwiesselnd bei dem engem an dem anere ze fixéieren.

De Riichter kann allerdéngs entscheeden d’autorité parentale, am Interessi vum Kand, just op een vun den Elterendeeler z’iwwerdroen.

D’Méiglechkeet vum Mineur « capable de discernement » fir selwer eng Ännerung vun der autorité parentale oder dem droit de visite ze froen gëtt elo gesetzlech encadréiert. Och haut gëtt dem Mineur ab engem gewëssenen Alter nogelauschtert wann en seng Meenung heizou äussert, den Projet deen ons firlait, gesäit expressis verbis fir, datt de Mineur sech kann un d’Geriicht wenden an datt d’Geriicht dann, falls de Mineur net schonn en Affekot huet, een nennt. Den Affekot muss dann bannent engem Delai vun engem Mount eng Requête beim Geriicht deposéieren wou en dem Mineur seng Demande ervirbréngt. D’Geriicht kann dann dem Mineur a sengen Elteren eng Médiatioun proposéieren fir gemeinsam eng Léisung ze sichen.

D’Méiglechkeet, och nees am Interessi vum Kand, den droit de visite op enger neutraler Platz auszeüben, gëtt och elo gesetzlech verankert, nodeems se sech jorelaang an der Praxis bewäert huet.

Beit Elteren mussen, egal op se d’autorité parentale ausüben oder net, zum Ënnerhalt an der Educatioun vun de Kanner bäidroen.

D’Kanner hunn e Recht op eng Verbindung zu hiren Elteren, an all Elterendeel ass verflicht de Kontakt zu senge Kanner oprecht ze erhalen, op en elo d’autorité parentale huet oder net.

Fir déi Kanner ze schützen, déi riskéieren international gekidnappt ze ginn, gëtt elo d’Méiglechkeet fir de Familljeriichter virgesinn an aussergewéinlechen Fäll, am Pass vum Kand aschreiwen ze loossen datt et net dierf aus dem Land ouni d’Erlaabnis vun den 2 Elteren.

An Zukunft dierfen och Leit en droit de visite ufroen déi net Famill mam Kand sinn an et gëtt eng nei Moossnam agefouert, de mandat d’éducation quotidienne, deen een Elterendeel kann dem anere ginn fir déi üblech Akten vun der autorité parentale auszeüben.

D’Dispositiounen vun dësem Gesetz trieden den 1. Dag vum 4. Mount no der Publikatioun vum Gesetz a Kraaft. Eng Ausnam ass virgesinn fir d’Dispositiounen iwwer d’autorité parentale, des trieden 3 Deeg no der Verëffentlechung a Kraaft.