Interventioun zum néien Unisgesetz

Mir hunn nach eng ganz jonk Uni. Se kritt zwar elo schonn hiert zweet Gesetz, mais den internationale Standarden no ass se jonk. Dat wësse mer op mannst zënter dem « Times higher education ranking » vun der viregter Woch iwwer jonk Uni’en an dem Lëtzebuerg sech dëst Joer op der 12. Platz klasséiert.

Bei dëse « jonken » Uni’en geet et em Uni’en vun ënner 50 Joer.

D’Uni Lëtzebuerg wéi mer se kennen gëtt et zënter 2003, deem si ganz vill Débats’en virausgaangen, bei hirer Grënnung hu vill Leit net esou richteg doru gegleeft datt et kéint eppes ginn.

Mais, wei sou dacks bei contesteierten Projets’en, haut ass d’Uni net méi aus dem intellektuellen Liewen vu Lëtzebuerg ewechzedenken. Se huet sech an de leschte 15 Joer etabléiert, eng gewëssen Renommée krut, wéi och de Ranking weist, an elo gëllt et d’Strukturen vun der Uni unzepassen. Et gëtt en néit Gesetz, quitt datt sech näischt Fundamentales soll änneren, déi wesentlech Aspekter, dat gouf jo elo och schonn hei duergeluecht, sou wei 2003 fixéiert sollen bleiwen, alle virop den internationale Charakter, (dei jo vu Studentenzäit absolut gelongen ass mat 57% net-Lëtzebuerger Studenten) den enke Lien tëscht Enseignement a Recherche (och hei erfirzestraichen fir d’Joer 2015/2016 600 Doktoranden op 6.000 ageschriwwen Studenten), d’Villsproochegkeet an d’Interdisciplinariteit. Woubäi et bei der Villsproochegkeet e klenge Bemol gëtt, ervirgestrach vum Michel Pauly an engem fräien Mikro um Radio 100,7, an zwar deen, datt de Multilinguismus just op Bachelor a Master bezunn ass, an de Risiko kéint bestoen, wei dat aktuell schonn a verschiddenen Fuerschungszentren de Fall ass, datt all Projet vun enger Thees misst op englesch presentéiert ginn.

Den Haptdreipunkt vun dësem neie Gesetz ass d’Stäerkung vun der Autonomie vun hiren Haaptorgan, dem Conseil de Gouvernance an dem Recteur.

Wéi de fréieren Recteur Rolf Tarrach et den 13. Januar 2018 an enger Tribüne am Lëtzebuerger Wort geschriwwen huet, huet et der Uni bis ewell vrun allem un organisatorescher Autonomie gefeelt.

Dat soll mat dësem Projet behuewen ginn. De Conseil de gouvernance, also dat Organ dat déi generell Politik a Strategie vun der Uni soll festlëen, kritt méi Pouvoire’en a gëtt och verstäerkt. Absolut begréissenswäert ass de Fait, datt hei en Dialog mat den Acteurs’en vum Terrain, a virop der ALUP, der Associatioun vun de Proffe’n stattfonnt huet a verschiddener vun hiere Revendicatiounen an de Projet integréiert goufen. Donieft gëtt awer och de Rektorat gestrafft, just nach de Recteur ass als Organ vun der Uni, als Chef vum exekutive Pouvoir, am Gesetz virgesinn.

Et dierf een awer net vergiessen, datt hei verschidden Intérêts’en am Spill sinn. Jidder Acteur begréisst d’Verstäerkung vun der Autonomie, mais inweifern de Conseil de Gouvernance soll autonom sinn par Rapport zu den Proffen an dem Personal vun der Uni ass déi Fro déi fir vill Opreegung gesuergt huet.

Des Opreegung koum vläicht grad, wëll d’Diskussioun ronderëm de Projet an eng Phase vun Onrouen gefall ass, déi et vrun e puer Méint op der Uni gouf an déi weisen datt Dialog an Transparenz wichteg Elementer am Liewen vun der Uni sinn. D’Uni dierf op kee Fall duerch Krisen geréiert ginn, déi doduerch géinge provozéiert ginn, datt de Conseil de gouvernance net géing op d’Enseignante lauschteren, also op de Conseil universitaire (dat internt Organ vun der Uni) wann en en Avis vum Conseil universitaire anhëlt (zum Beispill betreffend d’Ofschafen vun engem centre disciplinaire oder bei Nominatiounen).

Natierlech gëtt et do déi ënnerschiddlechsten Modeller am Ausland, vu komplett autogéreiert Universitéiten, also vun den Enseignante geréiert bis hin zu managerial gefouerten Institutiounen. Mir hunn e Mëttelwee gewielt : 11 Memberen ginn vun der Regierung genannt, wouvun der 5 Universitéitsproff musse sinn, déi aner eng Experienz a Kompetenz am Heigschoulsecteur oder an der Gestioun a Gouvernance mussen hunn. An och wichteg : Just 40% dierfen dem ënnerrepresentéiert Sex ugehéieren. Datt d’Enseignante e Wuert matzeschwätzen hunn ass elementar, wéi schreift de Professer Luc Heuschling a sengem Commentaire zum Projet de loi: « ce sont les professeurs, spécialistes en leur domaine, qui sont les mieux placés pour innover à la fois en recherche et en enseignement ; dès lors, si la société veut au maximum tirer profit de la capacité d’innovation de ses enseignants-chercheurs, elle doit leur reconnaître, par un acte de confiance et par intérêt mûrement réfléchi, (…) un rôle (crucial, décisionnel) dans les choix stratégiques arrêtés au sein de l’université ».

D’Confiance, d’Vertrauen, ass e Wuert wat am Kontext vun dësem Projet dacks erëmkennt an et ass schued, datt wann ee mat den Vertrieder vun de Proffen diskutéiert, erauskléngt datt si eng gewëssen Mooss u Mësstrauen aus desem Projet erausliesen. Dowéinst ass et jo positiv, datt de Conseil universitaire, dat internt Organ vun der Uni, an där Enseignante, Chercheure a Verwaltungspersonal vertruede sinn, och elo e Recht drop 2 hunn Leit an de Conseil de gouvernance ze nennen, dat war am ursprénglechen Text net virgesinn, an de President vun der Studentendelegatioun genee wei de President vun der Personaldelegatioun sinn d’Office vertrueden. De Recteur wunnt de Reuniounen vum Conseil de Gouvernance bei, ouni e Stëmmrecht ze hunn.

D’Pouvoire’en vum Conseil de gouvernance sinn elo impressionnant, souwuel inhaltlecher Natur, wei : déi generell Ausriichtung vun der Uni, also d’Strategie/ d’Créatioun, Erhalen oder Suppressioun vun Fakultéiten an Interdisziplinären centren, wei personalpolitescher Natur mat wichtege Nominatiounen wei déi vum Recteur, Vice-recteur, Doyens’en, grad wei d’Remuneratiounspolitik an och de Finanzvolet mat dem elementaren Aspekt vun de frais d’inscription. Doweint ass d’Decisioun doriwwer wien an de Conseil de gouvernance an Zukunft kënnt schonn eng iwwer d’Ausriichtung déi een sech fir d’Uni wënscht an et wäert och an Zukunft ganz vill vun der Zesummesetzung vun dem Conseil de gouvernance ofhänken. E puer vun dësen Decisiounen mussen awer nach vum Minister approuvéiert ginn.

Mir gréng begréissen d’Usätz vun dësem Gesetzprojet, mais mir hoffen awer, datt d’Uni als ëffentlech Institutioun weiderhin zwou fundamental Rollen wäert spillen :

-eng Méiglechkeet e breede Spektrum un Fächer ze studéieren an och an engem breeden Spektrum u Fächer Recherche ze bedreiwen.

-fir jidder potentiellen Student zougänglech sinn.

Ech erkläre mech :

Eng Rëtsch kritesch Téin aus dem Beräich vun den Kulturwëssenschaften fäerten déi ëmmer méi finanztechnesch Orientéierung vun der Uni. De « Return on Invest » géing op der Uni ze vill eng wichteg Roll spillen an et wier dacks méi schwiereg fir des Sparten méi Moyene accordéiert ze kréien, dat misst méi beluecht ginn wei fir méi « rentabel » Filièren. Eng Orientéierung reng an des Richtung wier natierlech immens schued, wëll zum perséinlechen an nationalen Räichtum gehéieren net just d’Finanzstudien, mais och e.a. d’Studien vun de Sproochen, der Geschicht an der Philosophie. Ech erënneren an dësem Kontext un d’Missiounen déi am Artikel 3, Paragraf (1) Punkt 3 vum Projet fixéiert sinn, an där och och virgesinn ass, datt d’Uni sech – nieft dem ekonomeschen – um sozialen a kulturellen Developpement vu Lëtzebuerg bedeelegen soll. Den Accent op d’Geeschteswëssenschaften ass néideg fir dëser Aufgab gerecht ze ginn.

Den zweete Punkt betrefft d’Aschreiwungsfraisen. Ech hu vun Diskussiounen héieren fir d’Aschreiwungsfraise fir eenzel Studiëgäng konsequent eropzesetzen. Dat ass fir eng jonk Uni schonn e gewoten Schratt, mais vrun allem géing et riskéieren en delikaten Prezedenzfall ze schafen. Et kann een d’Iwwerleeungen verstoen, och aner Uni’en, virop an den USA an a Groussbritannien hunn horrend Aschreiwungsfraisen, mais ons Uni ass en établissement public, an d’Aschreiwungsfraisen dierfen an onsen Aen keng Hürd fir Studenten duerstellen. All Student muss kënnen d’finanziell Méiglechkeet hunn hei am Land seng Studien ze maen. Mat engem aktuellen Stand tëschent 200 a 400 Euro d’Semester, ass dat méiglech. Wann do eng Null méi dohannert stéing, wier deen fräien Accès op d’Uni net méi ginn. Des Kompetenz läit elo beim conseil de gouvernance, muss awer vum Minister approuvéiert ginn. Et bleift ze hoffen, datt des Fraise fir jiddereen accessibel bleiwen.

Et gi scho genuch Barrièren am Liewen vun engem Schüler fir de Wee op d’Uni ze fannen, finanzieller soll et zu Lëtzebuerg net ginn.

Vu déi verschidde Suergen, déi mat dësem Gesetz verbonnen sinn, ass et gutt datt weiderhin eng extern Analyse am 4 Jores Rhythmus virgesinn ass, déi den Enseignement an d’Recherche, d’Zentralverwaltung an déi intern Organisatioun soll evaluéieren.

Mat där Remark, wëll ech meng Interventioun op en Enn bréngen, ech soen dem Rapporter nach emol Merci fir säin exzellente mëndleche an schrëftlechen Rapport,a ginn den Accord vun der grénger Fraktioun.