3 Mol Jo beim Referendum

(en Extrait aus menger Ried um Parteikongress vum 21.03.2015)

Ressort- a parteiiwwergräifend ass eppes grondleeënd wichteges wat usteet a wat leider net grouss thematiséiert gëtt an dat ass natierlech de Referendum. Dat eenzegt positiivt wat ech där Rou kann ofgewannen ass de Fait, datt also och keng infam Anticampagne géint d’Auslänner an hiert Walrecht gefouert gëtt.

Déi 3 Referendumssfroen an der grénger Geschicht

Eigentlech bréicht ech hei jo zu dëse Froen och net vill ze soen, wëll wann een souwuel eis Grondsazerklärung, wei eis Walprogrammer kuckt, dann hu mir déi Froen déi zur Diskussioun stinn scho laang tranchéiert.

Mir fuerderen d’Walrecht fir Jonker ënner 18 Joer zënter deem ech mech erënnere kann. D’Fuerderung vum Walrecht fir Auslänner bei Nationalwahlen stoung zwar ereicht 2009 explizit an engem Walprogramm (mat enger Residenzklausel vu 5 Joer) ass awer schonn déi zwou viregt Kéieren an den Texter rondremgegeeschtert an d’Fuerderung vun enger Begrenzung vun de Ministermandater hu mer beim Walprogramm 2013 festgehalen.

Des Froen geheiren einfach och zu dräi vun eise wichtegste Fundamenter, dem vun der Stäerkung vun der Demokratie iwwert d’Participatioun, dem vun der Gerechtegkeet, dem vun der sozialer Cohesioun.

De gréissten gemeinsamen Nenner vun deenen dräi gestalten Froen ass natierlech deen vun der Erweiderung vun der Demokratie, voir, vum Respekt vum demokratesche Prinzip iwwerhaapt. Mir wëllen, datt esouvill Leit wei méiglech um demokratesche Prozess deelhuelen kënnen.

Dëst gëllt fir dat aktiivt Walrecht bei deene Jonken an den Auslänner. Beim passive Walrecht fir d’Begrenzung vun de Ministermandater.

Wisou d’Residenzwahlrecht fir d’Demokratie wichteg ass

Natierlech geet et beim Residenzwalrecht nach wäit doriwwer eraus. Mir hunn zu Lëtzebuerg einfach e Problem deen et an där Form a kenger anerer Demokratie méi gëtt: d’Halschent vun der Bevëlkerung dierf net mat wiele goen. An dat ass einfach enger moderner Demokratie net würdeg. Fir d’läscht hate mer sou eng Situatioun, mat manner wei 45% vun de Populatioun déi wiele dierf, vrun 1919 an der Ausweidung vum Walrecht op d’Fraen an d’Aarbechter.

Lo kann een natierlech soen, wei verschiddener dat maachen, des Leit sollen dach einfach d’lëtzebuerger Nationalitéit unhuelen. Ofgesinn vum Fait, datt dat net esou einfach ass, an och net fir jiddereen méiglech, a mer och ereicht zënter 2008 d’duebel Nationalitéit iwwerhaapt agefouert hunn, léist dat de Problem net an ass u sech och eng aner Diskussioun.

Ech sinn der Iwwerzeegung, datt d’Walrecht fir auslännesch Resident’en e Schratt méi a Richtung Integratioun ass an net e Schratt a Richtung Identiteitsverloscht.

Wann een hei lieft, a weess datt een net dierf matbestëmmen an en plus net brauch d’Sprooch ze leieren wëll mir jo all op verschidden Sproochen äntwerte kënnen, dann ass den méi groussen Desinteressi un der Integratioun virprogramméiert.

Wann een awer dierf matbestëmmen, dann intresséiert ee sech bei Bedarf och méi fir dat wat zu Lëtzebuerg passéiert, a forcément och fir d’Hannergrënn an d’Geschicht vun eisem Land an natierlech d’Sprooch.

Doweint sinn ech och iwwerzeegt, datt déi Aussoen, mer géingen duerch d’Residenzwahlrecht eis Identitéit verléieren, einfach falsch sinn. Éischtens ass eis Identitéit nun emol eng multikulturell. Zweetens hunn nach ni esou vill Leit lëtzebuergesch geschwat a geschriwwen wei haut an drëttens ass et jo héchstens esou datt déi Leit déi hei wiele wëllen a kënne goen, mat deenen dach virsiichtege Konditiounen – sech doweint em sou méi mussen mat eisem Land beschäftegen fir sech eng Meenung ze bilden.

Lëtzebuerg géif och hei net, wéi dat heiansdo verlaude gelooss gëtt, eppes aféieren wat et soss néirens gëtt, Bsp Neuseeland, Groussbritannien, grad wei eng Rëtsch südamerikanesch Länner gi jo dax zitéiert. Mais souguer wann et esou wier, géing ech soen: »so what? » Mir hunn hei e Land, dat et och soss néirens op der Welt gëtt. National hu mer bal d’Halschent Auslänner, an der Haaptstad sinn et 70%, Tendenz steigend. An des Auslänner sinn hei, wëll mer se hei wëllen, hei brauchen. A mir liewen gutt mateneen.

De Modell wéi eis Economie opgebaut ass, ka guer net funktionéieren mat just eis Lëtzebuerger. Op dat elo gutt ass, dat ass natierlech eng aner Fro, mais et ass e Fakt. Also zeie mer massiv Auslänner hunn, se bezuelen hei Steieren a Cotisatiounen, se bestueden sech hei, hier Kanner ginn hei an d’Schoul, se dierfen bei de professionellen Walen matmaachen, mais net bei deenen wou et och em hiren Alldag geet, de Parlamentswahlen. Den auslännesche Resident’en d’Walrecht ginn, ass folglech och eng Fro vu Gerechtegkeet. En anere vun eisen Grondsatzprinzipien.

Politik fir déi Jonk : d’Wahlrecht ab 16

Et ass jo normal, datt Walprogrammer opgestallt ginn, fir déi Leit déi mat wiele ginn, dëst gëllt esou wuel fir d’Auslänner, ewéi fir déi Jonk. Wëll och déi Jonk sinn am Elektorat massiv ënnerrepresentéiert.

Bei de Wahlen vun 2013 hunn déi 18-34 Järeg nach knapps 12% vum Elektorat ausgemaach. Als Verglach, déi 50-64 Järeg stellen 36% duer.

D’Konsequenz dovun ass onweigerlech déi, datt hei am Land riskéiert Politik gemaach ze ginn fir eng Minoritéit vun Awunner: de Lëtzebuerger vun iwwer 50 Joer. Et soll jo och Politik fir hie gemaach ginn, awer eben net nëmmen. Et si nämlech grad déi jonk Leit déi och nach an 20, 30, 40, 50 Joer d’Konsequenzen vun der Politik déi haut gemaach gëtt mussen erdroen an et sinn déi Jonk déi dax och direkt vun Décisioune betraff sinn déi eng langzait Wierkung hunn, wei d’Schoul oder wei d’Familljepolitik. A Studien hu gewisen, datt eeler Wieler z.Bsp. bedeitend manner fir d’Erweiderung vu Kannerbetreiung oder Flexibiliséierung vun Aarbechtszäiten sinn.

De Jonken verstäerkt Walrecht ze ginn, heescht och ganz einfach hire Préoccupatiounen verstäerkt eng Stëmm ze ginn. Et heescht, datt insgesamt méi eng zukunftsorientéiert Politik gemaach muss ginn.

D’Gespenst vum desinteresséieren Jugendlechen, deen a sengem Onwëssen fir extrem oder Spaassparteien stëmmt huet sech iwwerdeems op deene Plazen wou Jonker wielen dierfen oder deementspriechend Studie gemaach goufen net bestätegt.

Doweint wor ech scho verwonnert, dat grad des Fro, hei zu Lëtzebuerg op esouvill Widderstand stéisst. D’Haaptargument dogéint, wat ech ëmmer nees héieren, ass de Manko u Wëssen, politescher Bildung an natierlech de Fait datt zivilrechtlech gesinn een ereicht ab 18 Joer Majeur ass.

Natierlech ass d’politesch Bildung an de Schoulen zu Lëtzebuerg suboptimal. Mir soe jo net, déi dierft net verbessert ginn, au contraire. Mais och déi 18 Jähreg hunn déi duerchlieft, grad esou wei meng Generatioun an anerer. Wat heescht dat, net genuch informéiert sinn fir wielen ze goen ? A wei stellt een dat fest? Muss een all d’Parteien an Institutiounen kennen? Oder muss ee wëssen wat an den eenzelnen Wahlprogramme steet? Oder beweisen, datt een eng politesch Debatt versteet? Ech fannen, datt dat eng geféierlech Debatt ass, op mannst emol fir verschidde Leit, wëll dat géing jo bedeiten, datt ee misst op de Wee vun Tester goen fir festzestellen op een apte ass fir wielen ze goen oder net. Dat wëlle mer jo awer net, folglech muss anzwuersch eng Linn gezu ginn, déi ass eben hei déi vun de 16 Joer, en Alter an dem déi intellektuell Entwécklung villen Expert’en no ginn ass fir un esou engem Prozess wei Walen deelzehuelen.

Natierlech muss de Mineur op ville Punkten nach geschützt ginn, mais contrairement zu dem wat alt gesot gëtt, ass de Mineur och rechtlech gesinn net ëmmer bis 18 Joer e Mineur. Emanzipéiert Mineuren kënnen e Commerce bedreiwen oder net méi ënnert der Autoritéit vun den Eltere stoen, a vrun allem kënnen Mineuren jee no Strofdot wei en Erwuessene bestrooft ginn.

Och beim Mineur, bedeit eng Erweiderung vum Walrecht datt en sech méi fir dat intresséiert iwwer dat en dierf ofstëmmen, e gutt Argument also fir ab jenkstem Alter, der vill beschriwwener Politikverdrossenheet vun Jonken entgéint ze wierken – falls et se da gëtt.

Begrenzung vun de Ministermandater op 2 Perioden

Géint Politikverdrossenheet hëlleft garantéiert och d’Limitatioun vun de Ministermandater op 10 successiv Joer. Net nëmmen, wëll et intressant ass, wann net ëmmer déi selwecht Leit op de selwechte Plazen setzen, mais och wëll d’Erneierung vun der politescher Klasse wichteg ass, fir nei Iddie’en mat anzebréngen, fir méi courageis Décisiounen ze fuerderen, fir net onbedéngt nëmmen haaptberufflech Politiker iwwerall ze hunn.

3 Mol JO

Dir hutt et verstan, mir als Partei soen natierlech dräi mol kloer Jo zu deenen 3 Froen, wëll de Jo op des Froen an eise politesche Genen virprogramméiert ass. Et ass e Jo zu méi Demokratie, zu méi Gerechtegkeet, zu méi Cohesioun.