Weise gëllt – Où sont les femmes ?

431px-Symbol_venus

Muer de Mëtten invitéiert d’CNFL op de Coteau des Dames op der Musel. Bei enger symbolescher Aktioun woren hei zur Occasioun vun de Gemengewalen 2011 1.000 Riewe geplanzt ginn, d’Friichten dovun sollen den Asaz vun de Fraen an der Politik symboliséieren. Ech fäerte ganz dat sinn déi eenzeg Friichten déi den Asaz vun de Fraen an der lëtzebuerger Politik dëst Joer droe wäert.

Eise Walsystem favoriséiert bekanntlech « Binetten », Leit déi en Numm hunn an de préférence och nach e Gesiicht. Et geet (leider) drëms datt sou vill Leit wei méiglech ee kennen, fir datt esou vill Leit wei méiglech e Kräiz hannert engem säin Numm maachen. Net fir näischt gehéiert d’Pilgeren op déi sëllechen Dëppefester zu sou munch Politiker sengem (Walkampf)Alldag. De Summum vun dem ass natierlech seng Binette an der Presse ze hunn. An do komme mer zum Kär vun dem wat mech bei dësem Walkampf perséinlech zolid gesteiert huet. D’Fraen sinn déi grouss Ofwiesend vun dësem Walkampf. Nach ni virdrun gouf bei engem Walkampf sou vill debattéiert, ge-face-à-faced, ge-tableronded wéi des Kéier. All Medium, all Organisatioun, Gewerkschaften organiséieren méi oder manner generell Debatten. An iwwerall dominéiert een Erscheinungsbild: dat vu Männer mëttleren bis manner mëttleren Alter mat däischtere Kostümen.

An d’Responsabilitéit vun där Männerdomininanz, déi läit (gréisstendeels) net bei der Presse an den Organisateuren, nee déi läit bei de Parteien selwer. Et sinn d’Parteien déi meeschtens decidéiere kënnen wee se wouhin schécken. An d’Resultat dovun ass op geschlechtsspezifeschem Niveau desastréis.

Wa mer d’Spëtzt vum Äisbierg huelen, déi offiziell Table ronden op der Televisioun, da woren do bis ewell bei 3 Emissiounen mat 36 Kandidaten 3 Fraen[1], déi läscht déi dëse Sonnden diffuséiert gëtt wärt nees eng reng Männerronn sinn.

Et gëtt awer bei dëse Wahlen eng sëlleche “Spëtzekandidatinnen”. D’CSV huet eng am Osten, grad ewéi d’DP, déi gréng hunn an all Bezierk eng Duebelspëtzt, den ADR huet eng Fra bei enger Duebelspëtzt am Zentrum, d’Piraten haten emol ugekënnegt se hätten eng Fra an enger Duebelspëtzt am Süden, vun där héiert een awer guer näischt an et fënnt een se och weder op Plakater nach soss anzwuesch erëm.[1]

Mee wou sinn all déi Spëtzekandidatinnen (an aner Fraen) am ëffentlechen Debat? Et gëtt vill iwwer Educatioun, Formatioun, Sozialstaat geschwat, u sech Sujete, déi ouni elo hei wëllen an Clichée ze verfalen, dacks als fraespezifesch ugesinn ginn. A ween diskutéiert doriwwer? Eng grouss Majoritéit vum Männer, déi en plus am Alter sinn fir Enkelen ze hunn. Et gëtt just 4 Ministerinnen an der (nach) aktueller Regierung. Dovun hunn ech nëmmen eng an engem Debat héieren. Datt d’Mady Delvaux net méi an d’Arena geschéckt gëtt verstinn ech jo, mee datt bei enger Table Ronde iwwer de Funktionnement vun eisen Institutiounen, d’Verfassungsreform an aner juristesch Froen net d’Justizministesch, mee den Infrastrukturminister untrëtt ass dann awer méi schwéier nozevollzéien.

Ech diskutéieren dacks mat Vertrieder vun anere Parteien iwwer d’Fraequoten. Ech hu jo intellektuellt Verständnis (och wann ech net domat averstane sinn) fir d’Argument wat mer dacks entgéint schléit, datt Quoten eng schlecht Saach sinn wëll se aus de Fraen “Quotefraen” maachen an esou hier Kompetenz erofspillen. Ech héieren ëmmer nees als Géigenargument, datt ee Fraen jo och kann anescht ënnerstëtzen.

Natierlech kann een dat. Ech ka just feststellen datt dat net passéiert. Am meeschten Fraen woren nach bei de Face-à-facen um Radio 100.7 vertrueden. An dat aus dem einfache Grond wëll se d’Parteien forcéiert haten jeeweils eng Frae ze schécken. Ee Gléck datt verschidden Medien sech gezielt fir d’Fraen bei dëse Walen interesséiert hunn, soss wier et wuel ganz ënnergaang datt der (obwuel wäit vun all Paritéit ewech) eng Rëtsch (ganz kompetenter queesch duerch de Gaart) kandidéieren.

déi gréng haten bis vrun e puer Joer an eise Statute stoen, datt Fraen missten verstäerkt als Vetriederinnen an d’Medien geschéckt ginn. Ech hunn déi Regel ëmmer e bëssen spezifesch fonnt fir an eise Statuten ze stoen, jo se vläit e bëssen belächelt. No dësem Walkampf, verstinn ech jiddefalls wisou se drastoung.

Et gëtt des Walen vill iwwer Demokratiedefiziter geschwat, a Punkto Auslännerwalrecht, wat e wichtege Sujet ass. Ech vermëssen an dem Kontext den Debat iwwer d’Ënnerrepresentatioun vun de Fraen an der Politik. Mee dofir missten vläit och méi Fraen matdiskutéieren. Fraequoten, eng méi grouss Paritéit ass jo keen Selbstzweck. Et geet och ëm eng aner Zorte Politik ze mäen. An der Form an um Fong.

Ech ka mer nëmmen wënschen datt et déi nächste Kéier besser gëtt. Datt mer déi nächste Kéier net bei den Drauwen stoen bleiwen. Mee mat Wënschen ass et net gedoen. Weise gëllt.


[1] 2 Grénger, 1 PID


[1] Déi eenzeg Partei déi eng Frae op de groussen Interview op der Televisioun geschéckt huet woren déi lénk