Lëtzebuerg op d’Been stellen – Meng Ried um grénge Kongress vum 16.07.2013

kaefer

« Maacht dir ni eppes fir een, wou der Pätter iwwert d’Kand sidd » ?

Also, ech perséinlech man dem Kand Cadeau’en fir säi Gebuertsdag, probéieren fir et do ze sinn wann et mech brauch… meng Zouneigung, mäi Rot, mäin Ouer … dat selwecht gëllt fir seng Elteren… Mais:

« Maacht dir ni eppes fir een, wou der Pätter iwwert d’Kand sidd » ?

Dat sot de Premier net am Kontext vun enger Gebuertsdagsfeier. Nee, dat wor dem Premier seng Äntwert op ee vun de Reprochen vun der parlamentarescher Enquêtekommissioun en Mëttwoch de Mëtten, an zwar deen datt en sai fréiere Chauffer, de Roger Mandé, am Geheimdéngscht imposéiert huet.

Ech hu mer dunn virgestallt, d’Angela Merkel géing vrum Bundestag stoen an déi däitsch Deputéiert froen, ob et dann net awer normal wier, Leit a Servicer ze recommandéieren, net wéinst hire Kompetenzen, nee mee well se Giedel iwwert deene Leit hier Kanner ass … Ech sinn zur Conclusioun komm datt dat absolut ondenkbar wier oder awer wahrscheinlech hiren allerleschten Akt an dem Bundestag géing bedeiten …

Firwat kann de Premier zu Lëtzebuerg dann vrun d’Chamberstribüne trieden, an dat en plus am Kader vun enger Affaire wou säi Récktrëtt um Spill steet – an emol net haaptsächlech wéinst der causa Roger Mandé – an dann sou eppes soen ouni datt sech weider dru gesteiert gëtt?

Firwat steiert hien sech selwer net drun?

Ass dat déi faméis Arroganz vun der Muecht?

Ech mengen dat ass vrun allem d’Resultat dovun datt eng Partei zënter 68 Joer mat just enger kuerzer Ënnerbriechung stänneg un der Muecht wor.

Dat huet näischt mat der CSV en tant que telle ze dinn. Kommt mir mäen eis näischt fir, no quasi 70 Joer onënnerbrach gréng gouvernance géing et ëm eis Institutiounen bestëmmt net vill besser stoen. Se wieren vläit besser isoléiert, mee ech woen net ze behaapten datt mir eis et dann net och ze vill gemittlech an hire Still gemaach hätten.

Wëll wann de Pouvoir esou en acquis ass (esou en acquis datt eis Texter emol net de Récktrëtt vun der Regierung virgesinn an souguer dat zum Kuddelmuddel ausaart), wann also dee pouvoir sou en acquis ass, da riskéiert een ze vergiessen wat dee Pouvoir ass, deen een do huet. Datt een deen vum Vollek krut. Datt een deen net geschenkt krut, mee just geléint. Datt et am Fong de Pouvoir vum gesamte Vollek ass, wat dëst just fir eng begrenzten Zäit un eng Partei, un verschidde Politiker déléguéiert. Mir sinn d’Vertrieder vum Vollek, net just déi vun eisem Pätterkanner, mee vun alle Kanner, a mir mussen d’Interessi vum ganze Vollek, vun alle Kanner vertrieden, net just déi vun eise Pätterkanner.

An dem Sënn : net d’CSV oder de Premier sinn d’Affer vun dem wat an der läscht hei am Land geschitt ass, d’Vollek ass dat. d’Demokratie ass dat. Eis Institutiounen sinn dat.

Dat ass eng vun den zwou Ursaachen wisou mer mengen datt e Wiessel noutwendeg ass. Wisou mer mussen de Wieler vun där Noutwendegkeet iwwerzeegen. Déi aner ass déi, datt d’CSV ënnert dem Jean-Claude Juncker et absolut verpasst huet déi néideg Reformen fir eist Land op de Wee ze bréngen.

Wëll mir wëllen hei net de Mann spillen, oder d’Partei, dat ass jo an dësem Fall souwisou mengen ech eent an dat selwecht, mir wëllen d’Inhalter an de Virdergrond stellen, d’Prinzipien … A mir sinn effektiv kompromësslos wat des Prinzipien ubelaangt. Wëll mer mussen dem Bierger nees Vertrauen an d’Politik schenken. Mer mussen fort vun dem « tous pourris ». Mer brauchen e frësche Wand fir eist Land, fir eis Institutiounen.

An dee gëtt et mat eis! Mir sinn onverbraucht an der Regierung. All déi aner Koalitiounsvarianten – déi ouni eis – sinn an de läschte Joeren probéiert ginn an haten keen Succès. Se hunn et net fäerdeg bruecht eist Land fir Zukunft ze rüsten, déi néideg Reformen souwuel op economeschem wei op gesellschaftspoliteschem Plang an d’Weeër ze leeden … Mir sinn déi eenzeg Partei, déi e Garant fir dee Wiessel duerstellen a mir hunn op lokalem Plang gewise datt mer fir de Wiessel stinn. Mir hunn déi richteg Leit fir den néidegen neie Wand anzebréngen.

Wann ech sou doruechter liesen – et kéint ee bal mengen et géife soss keng Argumenter géint eis ginn – eis Personaldecken wier ze dënn fir an eng Regierung, da muss ech schmunzelen. Dat Argument kënnt nämlech dacks grad aus dem Eck vun där Partei, wou se Wochen gebraucht hunn fir zwee nei Minister an ee neien Fraktiounschef ze designéieren. Eng Partei mat iwwer 10.000 Memberen, déi eng Rëtsch Fraen huet misste froen, iert se dunn eng fonnt hunn fir ee vun de Ministesch-Posten ze besetzen ! Domat kënne mir aus ouni Problem moossen. Wëll mir hunn kompetent Leit en masse. Net nëmmen an de gréisste Gemengen am Land an och an de méi klengen, wou eis Leit ënner Beweis gestalt hunn wat se an der Exekutiv fäerdeg bréngen : hei an der Stad den kompromesslose Finanzschäffen François Bausch, deen trotz Krise zënter Joeren schwaarz Zuelen virzeweisen huet an d’Viviane Loschetter, vun Esch de Felix Braz, vun Déifferdeng de Roberto Traversini an de Georges Liesch, vu Beetebuerg d’Josée Lorsché, vu Suessem d’Myriam Cecchetti, vu Kayl de Patrick Brücher, vu Contern den Jean-Jacques Arrensdorff, d’Monique Baldassi zu Ell an ech hunn der bestëmmt elo vergiess, souvill sinn et der. Mir hunn dann awer och net nëmmen den Député-Maire vu Réimech den Henri Kox, mee och nach mam Camille Gira dee Buergermeeschter deen nieft dem Xavier Bettel wuel déi meeschten auslännesch Presse an seng Gemeng bréngt an dat net fir eng Prënzenhochzäit, mee wëll hien seng Gemeng zu enger nohalteger Modellgemeng gemaach huet. Mir hunn awer och iwweraus kompetent Leit aus anere Beräicher, Leit aus allen Ecken vun der Gesellschaft, der Wirtschaft, dem associative Liewen, wéi den Raymond Aenderkerk, Präsident vum Haus vun der Natur, de Mike Mathias, ex-coordinateur vun action soldiarité tiers monde. Mir hun notamment 3 Fraen ( !) déi sech a Punkto Betribsféierung näischt méi soe loosse mussen. D’Carole Dieschburg vun Iechternach, wat de Familljebetrib Moulin Dieschbourg feiert nieft senger Aktivitéit am Gemengerot. D’Françoise Folmer aus der Stad, Präsidentin vun der Lokalsektioun an Business Woman of the year am Joer 2012 an natierlech, dir hutt et wahrscheinlech schonn all matkritt d’Christiane Wickler am Norden, Cheffin vum Pallcenter, Präsidentin vun de femmes cheffes d’entreprise a Patronne vun e puer honnert Leit.

An do dohannert kommen all eis engagéiert jonk gréng, déi zum Deel nach matten an der Ausbildung sinn an awer och elo schonn duerch hier Kompetenz iwwerzeegen, wéi d’Spriecher Gina Arvai an Paul Matzet, oder de President vun der Stater Lokalsektioun François Benoy an de Blogger Meris Sehovic. Mir brauchen eis net ze verstoppen a mir si gerüst fir Zukunft, gerüst fir d’Regierung!

Mer wëllen Regierungsverantwortung iwwerhuelen, mee mir wëllen dat nëmmen wann et eis méiglech ass eis Prinzipien, éis Inhalter emzesetzen. Fir eis kënnt nëmmen eng Regirungsbedeelegung a Fro an där eng nohalteg Wirtschaft, e gerechte Liewenskader a gutt funktionnéierend Institutiounen an de Mëttelpunkt gestalt ginn.

Wëll mir gréng wëllen datt eis Kanner an engem Land grouss ginn wou dat wat zielt, hier Kompetenzen sinn an net ween hire Pätter ass!