Wisou et déi gréng och nach déi nächst 30 Joer muss ginn – Meng Ried op der 30 Joer Feier

30joer

Am Juni 1983, wei déi gréng sech gegrënnt hunn, hat ech 6 Joer. Ech sinn zwar alt mam Vëlo gefuer, net immens gutt a just bei eis d’Strooss op an of, dat eenzegt ekologescht doheem wor de Fait datt meng Mamm de Müll getrennt huet a Politik huet sech fir mech op d’Gadget’en vun der DP resuméiert, déi mäin aus der LSAP exiléierte Bopa mat heem bruecht huet, woren dat deemools net déi Bibendumen ?

30 Joer méi spéid, ech fueren an der tëscht vill besser Vëlo, probéieren ech mer virzestellen wéi mäi Land sech weiderentwéckelt hätt, wann et déi gréng Beweegungen an Europa an absents zu Lëtzebuerg net ginn hätt. Hätte mer eng Atomzentral am Land? Wieren erneierbaren Energien, vun Biodiversitéit, vun « Mobilité douce » en Thema? Wei wier et mat der Transparenz an der Politik? Wat wier d’Roll vun der Chamber? Hätte mer en Euthanasiegesetz? Géing vu Quoten an der Politik an an der Wirtschaft riets goen? Bestëmmt hätt dat eent oder anert sech och ouni déi gréng Mouvementer geännert, vläit wier och d’kollektiivt Bewosstsinn vun der Ecologie iwwer Trennen vum Müll erausgewuess, mee ech sinn iwwerzeegt datt déi gréng vill dozou bäigedroen hunn.

Wann ech mech awer da froen op mer all eis Zieler erreecht hun ass d’Äntwert kloer nee! Mir hunn eist Land, eis Welt net nohalteg fir déi kommend Generatiounen ofgeséchert, dat ass souwisou en konstante Prozess, un deem ëmmer nees muss geschafft ginn, mee et geet vrun allem drëms e generellt Bewosstsinn dofir z’entwéckelen, an dat ass schonn eng Erausfuerderung. Elleng dowéinst muss et eis op mannst déi nächst 30 Joer nach ginn, mee net nëmmen …

Et ass wichteg datt et eis och nach dei next 30 Joer gett, wëll wien géing soss d’Roll vum politeschen Oberlehrer iwwerhuelen? Ok, mir schaffen bei villen autodestruktiven internen Reuniounen drun fir den Image ofzebauen, mee kommt mir sinn éierlech, c’est plus fort que nous, an ganz serieux et ass jo awer noutwendeg datt op mannst eng Partei op reell Geforen opmierksam mëscht, mat de Gedanken bei den nächsten Generatiounen ass an net just bei den nächsten Walen …

Et ass wichteg datt et eis och nach dei next 30 Joer gëtt, wëll mer u Lëtzebuerg gleewen, déi aner och, natierlech, mais wëll mir der Meenung sinn datt mer vill Potential hei hunn wat ausbaufäheg ass, datt mer et net mussen an de Qatar oder op Dubai sichen goen, mee vlait op d’eislécker Koppen, bei d’Musel oder an eng vun eisen Handwierkszonen.

Et ass wichteg datt et eis och nach déi nächst 30 Joer gëtt, wëll dir wëllt net mëssen wei eng vestimentaire Experimenter mer nach déi nächst 30 Joer duerchmaachen wäerten, bis elo hate mer jo schonn d’ganz Panoplie vum Stréckpullover bis hin zum Hugo Boss Costume, vun de Jesuslaatschen zu de bloen Designer Schong, je Zukunft ass also och hei vill verspriechend!

Et ass wichteg datt et eis och nach déi nächst 30 Joer gëtt, wëll mer eis zënter jeehier enger grousser Erausfuerderung gestalt hunn: mir brauchen eng Gesellschaft an där Fraen a Männer déi selwecht Viraussetzungen an Unerkennunge kënne kréien an hei ass leider, trotz onermiddlechem gréngen Asaz, déi läscht 30 Joer, net genuch geschitt: Stéchwuert Quoten jo, mee net nëmmen, bei enger qualitativer Kannerbetreiung geet et un…

Et ass wichteg, datt et eis och nach déi nächst 30 Joer gëtt, wëll mir sinn eng Partei déi ëmmer mat der Zäit geet, fréier hu mer op de Kongresser gestréckt, haut gëtt getwittert, wann der eis suivéiert, wësst der wat grad “in” ass.

Et ass wichteg datt et eis och nach déi nächst 30 Joer gëtt, wëll d’Mobilitéit am Land ze wënschen iwwreg léisst a mer hei nach mussen um groussen Paradigmewiessel schaffen. Ausserdeem brauche mer den Tram an mir musse dofir suergen datt et nach emol 30 Joer dauert bis datt en endlech kënnt

Et ass wichteg, datt et eis och nach déi nächst 30 Joer gëtt, wëll d’Ëffentlechkeet op mannst nach sou laang brauch iert se ophält d’Parteipresidenten vun der grénger Partei als “Parteispriecher” ze betitelen.

Et ass wichteg datt et eis och nach déi nächst 30 Joer gëtt, wëll mer zwar, géing ech mengen, an de leschten Joeren scho vill dozou bäigedroen hunn datt sech op gesellschaftspoliteschem Plang sou munches gedoen huet, Stéchwuert Euthanasie, Homobestiednis, Disskusiounsufank rondrëm Trennung vu Kierch a Staat, mee mer awer nach e wäiten Wee ze goen hunn fir eng gläichberechtegt Gesellschaft, Stéchwuert Homoadoptioun, Avortement, Trennung vu Kierch a Staat (mir hunn d’Diskussioun zwar ugestouss, mee domat ass et an eisen Aen net fir déi nächst 30 Joer gedoen)…

Et ass wichteg datt et eis och nach déi nächst 30 Joer gëtt, datt mer kënnen beweisen datt Basisdemokratie sech net drop limitéiert op Kongresser iwwert d’Bedeitung vun engem Wuert ze debattéieren, mee datt et drëms geet jiddereen an d’Grondsatzdebatt mat anzebannen (och wa mer an der Tëschenzait sollten den Délégueierteprinzip aféieren).

Et ass wichteg datt et eis och nach déi nächst 30 Joer gëtt, fir datt op mannst bei enger Partei an de Reuniounen iwer Sujete debattéiert gëtt wéi: wéi vill Stroum verbraucht ee mat Twitter a Facebook.

Et ass wichteg datt et eis och nach déi nächst 30 Joer gëtt, fir all deenen ze beweisen datt se onrecht haten, wou se gesot hunn, mir géingen un enger Regierungsbedeelegung ze Gronn goen, wëll mer ze vill, Zum Beispill schwaarz Pëllen misste schlécken … Dat ass elo keng Koalitiounsausso fir déi nächst Walen, mee ech woen einfach mol dovun auszegoen datt mer an den nächsten 30 Joer wann net déi stäerkste Partei am Land ginn, wëll mir hunn ëmmerhin an de läschte Joeren konstant zougeholl, an dem Rhythmus si mer an 30 Joer bei 30% – dach vläit eng Kéier an enger Regierung setzen … Ausserdeem gëtt et d’DP an d’LSAP jo och nach ëmmer an och mir hunn an der Stad mat dem beléiftesten an kompetentsten Politiker aus dem Land iwwerlieft a gewisen datt mer och hei eise grénge Stempel opsetzen kënnen.

Et ass wichteg datt et eis och nach déi nächst 30 Joer gëtt, wëll mer wahrscheinlech och an 30 Joer nach iwwert eise Funktionnement, éis intern Kommunikatioun an hier Defiziter diskutéiere wäerten.

Et ass wichteg, datt et eis och nach déi nächst 30 Joer gëtt, wëll deen drëtte Wee, den de Christian ugeschwat huet, muer op mannst genee sou wichteg wäert sinn wei gëschter an haut, a mir deen och weiderhin mat vill Asatz wäerte vertrieden …

Firwat mécht hat déi Oplëschtung, wäert sou munchereen sech froen, déi gréng brauch et an 30 Joer net mei ze ginn, wëll all dei aner Parteien sinn dach haut schonn “gréng”, d’Ecologie gëtt vu quasi jidderengem gepriedegt (a fëllt souguer Publireportagen a grousse Lëtzebuerger Dageszeitung, nach des Woch gesinn), en Exgréngen ass Minister, en Exgréngen ass Gewerkschaftspresident, wat wëllt der méi?

Sorry, mee souwuel d’Resultater, wei och d’Positionnementer weisen datt sech e gréngen Touch ginn, nach laang net duer geet fir richteg gréng Politik ze maachen, de lëtzebuerger Footprint ass katastrofal, mir sinn Schlussliicht a Punkto erneierbar Energie’en, eis Mobilitéit léisst ze wënschen iwwreg, also et gëtt a Punkto gréng Politik nach genuch ze maachen.

An dann, net ze vergiessen et ass wichteg datt et eis och nach dei next 30 Joer gëtt, wëll mer all déi engagéiert Leit hunn, absents jonk Leit, déi an 30 Joer den Alter vun eisen aktuellen Deputéierte wäerten hunn, déi sech fir déi gréng Iddi’en op lokalem, nationalem, europäeschen Niveau asetzen an et net denkbar wier, datt all déi positive Energie géing verluer goen,

Wann ech also no fir kucken op d’Joer 2043, an 30 Joer also, dann hu meng Kanner 30 an 32 Joer, an ech wënsche mer, datt et déi gréng dann nach gëtt, fir datt sie sech, wa se et da wëllen aktiv kënnen fir eng nohalteg a gerecht Gesellschaft fir hier eege Kanner asetzen, mir hu jo schliisslech och ewell gréng Politikdynastien…